Dëst Joer ass villes ganz anescht, wéi soss an dat gëllt och fir Kleeserchersdag. Wéi soll den Zinniklos allerhand Saachen fir ze kucken an ze schmaachen bei d’Kanner bréngen, wann hie si jo net wéi soss ka begréissen. Et gesäit een en der Dag net méi sou dacks, wéi een dat gewinnt ass. Ma de Kleesche wier net de Kleeschen, wann hie sech net dach eppes afale gelooss hätt. Per Video-Message mëllt hie sech bei de Kanner an och an der Nuecht vum 5. Op den 6. Dezember dierf hie ganz offiziell am Land ënnerwee sinn, fir dass och all Kaddo mat Zäiten bei de klenge Butzen ukënnt.