Et ass d’Finall vun Take Off, der éischter Science Challenge Show zu Lëtzebuerg. Déi gouf am Dezember zu Esch-Schëffleng am FerroForum gefilmt. A gewise gëtt se e Sonndeg den Owend um 19 Auer. D’Finalisten Jamie a Polina hunn nach eng leschte Kéier missen iwwert sech eraus wuessen. Hei elo, wat déi zwee an der Finall hu misse leeschten a wéi si an déi aner Kandidate sech virum grousse Showdown gefillt hunn.