People-MagazinDe Marvel-Held Chris Evans ass de "Sexiest Man Alive"

RTL Lëtzebuerg
Net nëmme super, ma och nach sexy, an zwar esou sexy, dass hien den offiziellen Titel als "Sexiest Man Alive" kritt.
© AFP Archivbild

Rieds geet vum 41 Joer ale Schauspiller Chris Evans, bekannt aus der Filmserie “The Avengers”. De Captain America gehéiert dem People-Magazin no deemno zu de flottste Männer op der Welt. Schonn d’lescht Joer war et an anere Marvel-"Hottie”, de Paul Rudd, dee sech iwwert de sexy Titel freeë konnt.

De Chris Evans huet sech op alle Fall immens frou. Wann iergendeen him am Schoulalter gesot hätt, dass hien enges Daags zum “Sexiest Man Alive” gewielt géing ginn, wier hie “begeeschtert” gewiescht. “Dat wier warscheinlech de Wee bei de coolen Dësch, un deem ech net war.” An och seng Mamm mécht dësen Titel bestëmmt glécklech, dovun ass de sexy Superheld iwwerzeegt.

Back to Top
CIM LOGO