
Ënnert dem Hashtag #CRUSHFORLIFE huet de People-Magazin annoncéiert, wien dëst Joer den eroteschste Mann weltwäit ass. Den 52 Joer ale Schauspiller léisst no enger laanger Karriär nach ëmmer sou munch Fraenhäerzer méi séier schloen. Säin Häerz gehéiert allerdéngs just enger eenzeger Fra. Zanter 18 Joer ass hie mam Julie bestuet an ass stolze Papp vun 2 Kanner.
Ob sech säi Liewen duerch den neien Titel elo ännere wäert? Als Uspillung op seng charismatesch Virgänger sot de Rudd, dass hien hofft, dass hien elo endlech géing zu e puer “sexy Owesiessen” mat Clooney, Pitt an Jordan ageluede ginn. Weider huet den Acteur ironesch erzielt, dass hien elo vill méi Zäit op Yachte verbrénge wäert.
Am léifste verbréngt de Familljepapp Rudd allerdéngs Zäit mat senger Famill.
Nieft dem Paul Rudd goufen och schonn de Michael B. Jordan, John Legend, David Beckham oder Adam Levine als “Sexiest Man Alive” ausgezeechent.
Bekannt ass den 52 Joer alen Hollywood-Star ënnert anerem aus der Serie “Friends” a sengen Optrëtter als Scott Lang an de Filmer “Ant-Man”, “The First Avenger: Civil War”, “Ant-Man and the Wasp” an “Avengers: Endgame”.