
Déi 100 Gewënner musse sech net de Fliger opdeelen, si kréien en Deel vum Präisgeld - ëmmerhin 2 Milliarde Pesos (ëmgerechent 80 Milliounen Euro).
Den Ex-President Felipe Calderón, dee vun 2006 bis 2012 am Amt war, hat d’Boeing 787 Dreamliner fir 218 Milliounen Dollar kaf. Genotzt gouf se awer just vu sengem Nofollger Enrique Peña Nieto. Haut ass den Jet mat Schlofkummer, engem privaten Buedzëmmer an 80 Sëtzplazen nach ronn 130 Milliounen Dollar wäert.
De López Obrador hat d’Luxusmaschinn als “Beleidegung” fir all d’Mexikaner bezeechent an hien hat scho bei sengem Amtsuntrëtt 2018 ugekënnegt, dee Fliger wëllen ze verkafen a just nach Linneflich ze notzen. Ma bis haut wollt nach keen den Jet kafen.
Ma souguer bei der Lotterie huet d’Regierung missen e Kompromëss agoen: Eigentlech hat de López Obrador am Februar proposéiert just dem Proprietär vum Gewënner-Lous d’Maschinn ze schenken. A Mexiko ass et allerdéngs verbueden, Staatseegentum ze verlousen oder ze verschenken.
Dowéinst koum d’Regierung op d’Iddi, zwee Drëttel vum Erléis bei der Vente vun de Louse fir d’Gewënner ze halen an de Rescht un ëffentlech Spideeler ze spenden. Wéi vill Suen um Enn zesummekomm sinn, ass nach onkloer.