
Wéi déi brittesch Noriichtenagence PA matdeelt, geheie si dem Verlag vun der “Daily Mail” vir, Privatdetektiven engagéiert ze hunn, déi Apparater fir Leit ofzelauschteren an Autoen oder Wunnenge verstoppt hunn.
Ausserdeem solle si illegal privat Telefonsgespréicher matgeschnidden a Poliziste bestach hunn, fir u vertraulech Informatiounen ze kommen.
Nieft dem Prënz Harry an dem Elton John hunn och dem John säi Mann, den David Furnish, an d’Schauspillerinne Liz Hurley a Sadie Frost geklot.
D’Daily Mail kritt donieft virgeheit, medezinesch Donnéeën an Extraiten aus Bankkonte mat illegale Mëttele beschaf ze hunn. De Verlag huet all Virwërf zeréckgewisen.