1. GebuertsdagDe Prënz Harry an d'Meghan weisen éischt Foto vun hirer Duechter Lilibet

RTL Lëtzebuerg
De Weekend huet net just d'Queen hiren Trounjubiläum gefeiert, hir Urenkelin Lilibet hat och hiren 1. Gebuertsdag.

Bei engem Picknick ass eng Foto vum klenge Lilibet Diana Mountbatten-Windsor entstanen, déi de brittesche Prënz an d’Herzogin elo verëffentleche gelooss hunn. An engem hellbloe Rack mat engem wäisse Putsch an de roudelzegen Hoer sëtzt dat Klengt an der Wiss a laacht.

De Fotograf Misan Harrman, e laangjärege Frënd vun der Koppel, huet d’Bild e Méindeg op seng Instagram-Säit gesat. “Et war mir esou eng Éier, den éischte Gebuertsdag vum Lilibet mat menger an hirer Famill ze feieren”, huet hien ënnert d’Bild geschriwwen.

D’Bild ass e Samschdeg 4. Juni op engem Gaarde-Picknick am enkste Familljen- a Frëndeskrees gemaach ginn, sou e Porte-parole vun de Royals e Méindeg. D’Feier soll am Frogmore Cottage zu Windsor gewiescht sinn, wou den Harry a seng Fra Meghan wärend e Feierlechkeeten zum 70. Trounjubiläum vun der Queen Elizabeth II. gewunnt hunn.

Back to Top
CIM LOGO