Groussbritannien: Stëmmung bei de Royals weider ugespaantDe Prënz Harry mengt net, datt seng Famill sech mat him verdroe wëllt

RTL Lëtzebuerg
De Prënz Harry hätt gäre rëm ee bessert Verhältnis zu senger Famill, mee déi aner Säit wéilt dat net. Nächst Woch kënnt dem Harry seng Autobiografie eraus.
© AFP

Nächsten Dënschdeg kënnt dem brittesche Prënz Harry seng Autobiografie eraus. Am Virfeld huet hien dem Tëleessender ITV een Interview ginn. Hie wéilt säi Papp a säi Brudder zeréck hunn, ma déi aner Säit wéilt dat net. D’Sunday Times zitéiert iwwerdeems eng Quell, déi d’Buch scho gelies huet an där no de Prënz William a seng Fra Kate doran net gutt ewechkommen. De Kinnek Charles III kéim par conter besser ewech wéi erwaart. Den Harry a seng Fra Meghan hu sech am Joer 2020 vun hire royale Flichten zeréckgezunn a liewe mat hiren zwee Kanner a Kalifornien.

Back to Top
CIM LOGO