Nei Emissioun am Magazin"De Promi-Spot" mam Anna Seyser alias Anna Roslily

RTL Lëtzebuerg
Ënnert dem Pseudonym Anna Roslily ass déi jonk Moudebloggerin ville Leit bekannt. Schonn zënter 2014 deelt Si hir Passioun fir Moud an de soziale Medien.
"De Promi-Sport (1): Mam Anna Seyser alias Anna Roslily
Ënnert dem Pseudonym Anna Roslily ass déi jonk Moudebloggerin ville Leit bekannt. Schon zënter 2014 deelt Sie hir Passioun fir Moud an de soziale Medien.

En Donneschdeg ass d’Premiere vun “De Promi-Spot”, en neit Format, wou, wéi den Numm et scho verréit, eng prominent Persoun eis mat op hir léifste Plaz am Land hëlt.

Am éischten Episode geet et an d’Villa Vauban, do trefft d’Violetta Caldarelli d’Anna Seyser, eng Moudebloggerin, déi vill Leit wuel éischter ënnert dem Pseudonym Anna Roslilly kennen. Iwwer 18.000 Follower suivéieren op Instagram, wa si “hir” Passioun fir Moud an Accessoiren deelt. An déi ass virop aussergewéinlech faarweg! Hiren originelle Look an hir originell Outfits kommen net nëmmen digital gutt un, mä och an der reeller Welt. Authentesch, stilvoll, mat vill Léift zum Detail an ëmmer enger Grëtz Fantasie, alles dat ass dee Garant, dee beim Anna Seyser a bei de Leit ronderëm vill Freed a gutt Laun zaubert.

Firwat genee d’Villa Vauban hir esou um Häerz läit, wéi d’Bloggen hiert Liewe verännert huet an wat d’Anna Seyser an Zukunft nach fir Projeten huet, dat a villes méi gëtt een am Replay op RTL Play gewuer.De ganze Summer iwwer wäerten all Donneschdeg bekannt Leit aus dem Grand-Duché eis hire “Promi-Spot” presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO