Rentrée am PalaisDe Xavier Bettel war fir eng Audienz beim Grand-Duc
Rentrée net just geschwënn an der Schoul, mä och am Palais. An deem Kader war de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg beim Grand-Duc invitéiert.
Bei der Audienz haten de Grand-Duc an de Staatsminister d’Méiglechkeet, sech iwwer aktuell Sujeten auszetauschen, besonnesch awer iwwer eng Rentrée, déi vun der Covid-19-Kris markéiert ass.