No antisemitteschen AussoenDeal mat Adidas geplatzt, de Kanye West ass kee Milliardär méi

RTL Lëtzebuerg
No neien Eskapade vum Ye, alias Kanye West, huet Adidas d'Handbrems gezunn an d'Zesummenaarbecht mam US-Rapper gestoppt.
© AFP Archivbild

Antisemittesch Aussoen hunn dës Kéier d’Faass endgülteg zum Iwwerlafe bruecht. “Déi jéngst Äusserungen an Handlunge vum Ye sinn inacceptabel, haasserfëllt a geféierlech”, heescht et an enger Matdeelung vun Adidas.

Am Virfeld war de Kanye West ëmmer nees opgefall wéinst änleche Situatiounen. Et hätt een och versicht, dës Situatiounen net an der Ëffentlechkeet ze klären, ouni Succès. Dëst huet d’Partenariat op e Préifstand gestallt.

Zanter 2015 designt de Museker Schong a Gezei ënnert der Mark “Yeezy” fir de Sportartikelproduzent, ma hien huet d’Firma zanterhier méi wéi eemol ëffentlech attackéiert. Zulescht an engem Podcast, deen an de soziale Medie massiv verbreet a kommentéiert gouf. Seng Ausso do: “Ech kann antisemittesch Saache soen an Adidas ka mech net fale loossen. An dann?”

Déi Fro dierft hie sech allerdéngs elo selwer stellen, d’Kënnegung vun Adidas bréngen nämlech och Verloschter vun e puer Honnert Millioune mat sech. Domat net genuch, hie gëtt domat vum Milliardär zum Millionär. Säin op 2 Milliarden Dollar geschate Verméige baséiert “Forbes” no zu 1,5 Milliarden Dollar op den Adidas-Deal. Dat heescht et bleift dem Kanye West nach e Verméigen, dat sech aus Immobilien, senge Venten an der Musek an den Undeeler un der Firma mat senger Ex-Fra Kim Kardashian zesummesetzt.

Viru kuerzem hat iwwregens och d’Mark Balenciaga d’Zesummenaarbecht mam ëmstriddene Rapper gekënnegt. Et géif och keng Pläng gi fir zukünfteg aner Projeten.

Back to Top
CIM LOGO