Forbes-LëschtDéi aflossräichste Fraen 2020

RTL Lëtzebuerg
Forbes huet eng nei Lëscht mat den aflossräichste Frae fir dëst Joer erausbruecht.
D'Angela Merkel ass déi aflossräichst Fra 2020.
D’Angela Merkel ass déi aflossräichst Fra 2020.
© AFP

Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel, d’Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde an d’Kamala Harris, déi éischt US-Vizepresidentin, stinn op der Forbes-Lëscht un der Spëtzt vun den aflossräichste Fraen op der Welt. Op der Plaz 4 fënnt een d’Ursula von der Leyen virum Melinda Gates.

Déi ganz Lëscht op Forbes.com kucken.Awer och Fraen aus Film, Musek a Moud sinn op der Lëscht ze fannen, wéi zum Beispill d’Oprah Winfrey (Plaz 20). Och d’Sängerin Rihanna konnt sech behaapten, ëmmerhin d’Plaz 69. Aus der Museksbranche fënnt een awer nach aner Sängerinnen, d’Beyonce huet d’Plaz 72 erreecht, d’Taylor Swift d'82.

D’Fraen aus de Beräicher Film an TV, Streaming a Social Media sinn och nach gutt vertrueden. D’Shari Redstone, Presidentin vu ViacomCBS ass op d’Plaz 24 komm, op Plaz 51 ass d’Dana Walden, Presidentin vun Disney TV Studios a ABC Entertainment a fir d’Presidentin vun Universal Filmed Entertainment Group, d’Donna Langely, ass et déi 54. Plaz. Fir d’Presidentin vu Lucasfolm, d’Kathleen Kennedy, ass et d’Plaz 73 an d’Ava DuVernay, Filmproduzentin a Regisseurin kënnt op d’Plaz 79.

Aus dem Beräich Sozial Medie fënnt een dann d’Susan Wojcicki, CEO vu YouTube (Plaz 13), d’Ruth Porat vun Alphabet Inc. (16), d’Sheryl Sanberg vu Facebook (22) an d’Kelly Zhang vu Bytedance, zu deem TikTok gehéiert (62).

Fir hir Lëscht huet Forbes 4 Krittäre benotzt: Suen (PIB, Ëmsaz a Verméigen), wéi dacks d’Persounen an de Medien ernimmt goufen, Bedeitung an Aflossberäicher.

Back to Top
CIM LOGO