Zu LëtzebuergDéi beschte Momenter vun 20 Joer Télévie

RTL Lëtzebuerg
Ee Kaffi moies ass 1989 duergaangen, fir d'Iddi vum Télévie ze hunn a wëllen ëmzesetzen.
Best of 20 Joer Télévie
Mir kucken zeréck op déi 20 Joer, déi et den Télévie schonn zu Lëtzebuerg gëtt.

Inspiréiert vum franséischen Telethon wollt een och beim belsche Sender RTL eppes géint déi Krankheet maachen, wou souguer nach hautdesdaags 1 vun 4 Persounen dru stierft. An och hei zu Lëtzebuerg wollt ee sech där Saach 2002 uschléissen.

D’Diagnos Kriibs kréie pro Joer hei zu Lëtzebuerg eng ronn 3.000 Kanner an Erwuessener. A fir déi gëllt et sech anzesetzen. Duerch d’Ënnerstëtzung vum Télévie kënnen eng ganz Rëtsch Projeten an der Kriibsfuerschung weiderbruecht ginn a soumat kënnen ëmmer méi Kriibskranker iwwerliewen a geheelt ginn.

D’Fabienne Zwally kuckt zréck op déi beschte Momenter vun 20 Joer Télévie hei zu Lëtzebuerg. Nach e puer weider Informatiounen:

2004 gouf fir déi éischte Kéier d’Grenz vun enger Millioun Euro geknackt, 2019 sinn dunn iwwer 2 Milliounen zesummekomm an 2020 gouf et en neie Rekord mat 2.060.211 Euro.

Am Ganze sinn an deenen 19 Joer Télévie 25 Milliounen Euro fir d’Lëtzebuerger Kriibsfuerschung zesummekomm, mat den 2 Millioune vun dëser Editioun klamme mer esouguer op 27 Milliounen Euro.

Télévie Portrait mam Milena
Télévie Portrait mam Yannick
Télévie Portrait mam Aurore

Back to Top
CIM LOGO