
Scho mat 3 Joer hat den George Jamieson d’Gefill, am falsche Kierper gebuer ze sinn. Am Alter vu 25 Joer koum dunn de Moment, dee säi Liewe fir ëmmer verännert huet: d’geschlechtsupassend Operatioun. Domat war d’April Ashley déi zweet brittesch Persoun, déi esou een Agrëff duerchféiere gelooss huet.
Hiren Outing als Transgender-Model hat si am Joer 1961. Eng Frëndin hat hiert Geheimnis der Zeitung „Sunday People” verroden. E Skandal ass entstanen an hir Karriär op Äis geluecht ginn. Allerdéngs huet si sech net kleng kréie gelooss. Fir hiren Engagement gouf si 2012 vun der Queen mat der „Member of the British Empire"-Medail ausgezeechent.
De 27. Dezember ass si am Alter vu 86 Joer zu London gestuerwen. Genau Detailer iwwert d’Doudesursaach sinn net bekannt.