E klengen Tour iwwer den Hobby- a Floumaart, bei d’Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeë Fish an chips iessen an duerno d’Inte-Course kucken, wou et pünktlech fir de Start um 16 Auer opgehalen huet, mat reenen.
D’Amicale an de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf plangen awer schonn un enger 2. Editioun, well d’Begeeschterung bei Grouss a Kleng grouss war.
Iwwer 800 Euro, a Form vun Bonge vun den Ettelbrécker Geschäftsleit, gouf et ze gewannen.