
Am Alter vu 96 Joer ass déi japanesch Moud-Designerin Hanae Mori verscheet. D’Madame Butterfly, wéi si genannt gouf, hat et an de 70er-Jore fäerdeg bruecht, sech als éischt Moudenhaus aus Asien an der Haute-Couture-Zeen zu Paräis ze etabléieren an och hir Parfume gi bis haut weltwäit verkaf. Motiver, déi ëmmer nees an hire Kollektiounen opgetaucht sinn, ware Päiperleken a japanesch Symboler. Hir éischt Kollektioun, déi si 1965 an der US-Metropol New York erausbruecht huet, war “East Meets West”.
D’Mori selwer huet déi lescht Joren an hirer Heemecht zu Tokyo gelieft. Als Doudesursaach hu japanesch Medien hiren “héijen Alter” genannt.