48-Stonnen-Challenge vum EldoradioDéi längste Radiosemissioun zu Lëtzebuerg

Philippe Dondelinger
Et ass een Challenge, deen et bis ewell nach net zu Lëtzebuerg gouf: déi längste Radiosemissioun non-stop, an dat 48 Stonne laang.
48-Stonnen-Challenge vum Eldoradio
Et ass een Challenge, deen et bis ewell nach net zu Lëtzebuerg gouf: déi längsten Radiosemissioun non-stop, an dat 48 Stonne laang.

Den Eldoradio huet sech dësem Challenge ugeholl an ass zanter e Mëttwoch den Owend 19 Auer live. Si sinn zu 4, d’Catherine, de Charel, de Max an de Chris, a si sinn fir d’Emissioun responsabel. Déi längste Sendung, déi et jee onënnerbrach zu Lëtzebuerg gouf, ouni dass de Computer an der Nuecht iwwerhëlt. U sech eng geckeg Iddi, déi se scho laang duerchzéie wollten.

Eppes sief nach gesot, et ass fir alles gesuergt, eng Schlofméiglechkeet gëtt et och an déi ass matten am Studio, esou kënnen d’Nolauschterer d’Animateuren iwwert eng Webcam suivéieren.

Et gëtt a Schichte geschafft. Zu 4 ass dat dann och sécher manner ustrengend, e Plang, wie wéini an den Asaz muss, dee gëtt et net esou richteg. Den Challenge leeft nom Motto: “Mir kucken dat nach”.

Packt d’Eldoradio-Team hiren 48-Stonnen-Challenge oder gewënnt d’Middegkeet? Et dierf ee gespaant sinn. Mir suivéiere fir Iech déi längsten Radiossendung vu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO