Dëse Weekend stoung Nouspelt ganz am Zeeche vun Ouschteren. Ugefaange mat engem Concert vun der Band Providers um Samschdeg an dem Bal mat den “The Noisemakers” e Sonndeg am grousse Festzelt.
Op Ouschterméindeg konnte Sammler an Interesséierter vun 10 Auer un déi schéinst Péckvillercher an aner Äerdewueren op de ville Stänn zu Nouspelt kafen.
D’Kanner konnte sech op vill Animatioun mat ënner anerem dem Ouschterhues, Sprangschlässer a Face-Painting freeën.