1.200 Euro fir e Glas?Dem Ed Sheeran säi Mass-Glas gëtt fir de gudden Zweck versteet

RTL Lëtzebuerg
Den Erléis vun der Stee soll dobäi un d'"Frankfurter Oktoberfest Schule" an der Dominikanescher Republik vum Reiner Meutsch senger Fly&Help-Stëftung goen.
© AFP

De Weltstar Ed Sheeran huet de Weekend d’Frankfurter Oktoberfest besicht. Dëst nodeems hien am Deutsche-Bank-Park e Concert gespillt hat. Op Fotoe vu Gäscht vum Oktoberfest war den Ed Sheeran ze gesinn, wéi hien a voller Montur, spréch a “Lederhose” souwéi an engem Karo-Hiem, gefeiert huet. Och de Béier huet do natierlech net dierfe feelen. Esou hunn och vill Visiteure Fotoe gemaach, op deenen ze gesinn ass, wéi den Ed Sheeran Binding-Béier aus engem Mass-Glas drénkt.

Op dat Mass-Glas kënnen d’Fans vum Sänger elo nach bis de 7. Oktober 2022 op Ebay bidden. D’Start-Offer louch dobäi bei 1.040 Euro. Allerdéngs muss e Präis vun 1.200 Euro gebuede ginn, fir datt d’Glas de Besëtzer wiesselt.

Wann Dir un dësem Objet interesséiert sidd, da kënnt dir d’Stee op Ebay ënnert follgendem Link fannen.

Back to Top
CIM LOGO