Rees op Dubai gewonnenDem Kim Peltier säi Pabeiersfliger ass am wäitste geflunn

RTL Lëtzebuerg
Déi ganz Woch hu mir eis Wallis gepaakt fir op Dubai ze fléien an eis Nolauschterer konnten sech qualifizéieren. Elo steet e Gewënner fest.
© RTL

D’Kim Peltier vu Kärjeng huet schlussendlech d’Rees op Dubai gewonnen, dat vum 13.-16. Februar.
Um Radio an och op RTL.lu goufe Kandidate gesicht, déi am LuxAirport ugetruede sinn, fir d’Rees op Dubai mat Luxair Tours ze gewannen.

Dës Rees ass fir 2 Persounen mat Hotel a geet wéi gesot schonn e Méindeg den 13.02 lass, dat bis de 16.02 also iwwer Vältesdag.

An der Finall hunn déi 20 Finalisten e Pabeiersfliger misste bastelen an deem säin am wäitste geflunn ass, flitt elo op Dubai. An deem Fall war dat de Fliger vum Kim.

Back to Top
CIM LOGO