Dat war am Joer 2013. Fir dëse lass ze ginn, huet den deemolegen Teenager vill iwwert sech missen ergoe loossen: Eng éischt grouss Operatioun fir den Tumor eraus ze operéieren, 24 Chimiotherapien an eng weider Operatioun, fir de ganzen 8. Wierbel erauszehuelen an deen duerch Schrauwen a Placketten ze ersetzen.
De Yannick ass dem Doud vun der Schëpp gesprongen. Haut, 8 Joer méi spéit, geet et dem 23 Joer ale Jong ganz gutt. Hien huet de Kampf géint de Kriibs gewonnen.
Télévie Portrait: Milena Reimen: “Net opginn a säin Zil ëmmer fest an den A behalen”