Podcast vum Harry & MeghanDen Archie iwwerrascht mat US-amerikaneschem Akzent

RTL Lëtzebuerg
Den Archie huet seng éischt Wierder un d'Ëffentlechkeet geriicht an dobäi an de brittesche Medie fir Opreegung gesuergt.
© AFP

Am Podcast vum Harry a senger Fra wënscht de klengen Archie nämlech jidderengem e schéint neit Joer. Et ass net de Contenu vun de Wierder, deen den Ament fir Schlagzeilen an de Medie suergt, mä d’Betounung vun de Wierder. De Bouf vum brittesche Prënz Harry huet nämlech en amerikaneschen Akzent! Dat schreiwen op alle Fall mol d’brittesch Zeitungen “Daily Mail” an “Sun”.

Ugangs 2020 ass déi jonk Famill a Kanada geplënnert, duerno hu si sech a Kalifornien en neit Doheem gesicht. Am Mäerz hat d’Koppel sech offiziell vun hire royale Flichten zeréckgezunn, mam Zil, finanziell onofhängeg ze ginn. An deem Kader hu si ënnert anerem e Vertrag mat Spotify an Netflix ofgeschloss.

An hirem Podcast „Archewell Audio” erzielen den Harry an d’Meghan witzeg Anekdoten an diskutéiere mat anere Staren. An hirer Silvester-Editioun huet d’Koppel eng Abberzuel bekannte Gesiichter agelueden, dorënner den Elton John oder den James Cordon. Am meeschten Opmierksamkeet krut allerdéngs den Archie mat sengem US-amerikaneschen Akzent.

Back to Top
CIM LOGO