
Och wann den Numm vum Ed Sheeran senger Duechter, déi d’lescht Woch op d’Welt koum, net grad un dee vum Elon Musk sengem Jong X Æ A-12 erukënnt, lant awer och d’Lyra Antarctica op d’Lëscht vu Promi-Kanner mat ongewéinlechen Nimm.
Et schéngt wuel e klengt Wuertspill vum Ed Sheeran an dem Cherry Seaborn gewiescht ze sinn, fir hir neigebueren Duechter Lyra Antarctica Seaborn Sheeran ze nennen. U sech kënnt jo den Numm vum Papp virstoen, mat deem awer scho méi aussergewéinleche Familljennumm “Seaborn”, ass et bal kloer, dass den Numm besser an dës Reiefolleg passt.
Et ass ewell scho méi laang en Ternd bei ville Promien, opfälleg Nimm fir hir Kanner erauszesichen. Obwuel X Æ A-12 mat Ofstand deen ongewéinlechsten Numm op der Lëscht ass, sinn anerer och keng alldeeglech Nimm.
Dem Gwen Stefani hir Kanner zum Beispill heesche Zuma Nesta Rock, Kingston James McGregor an Apollo Bowie Flynn. Dem U2-Sänger Bono säi Jong heescht Elijah Bob Patricius Guggi Quincy an dem Uma Thurman hir Duechter Rosalind Arusha Arkadina Altalune Florence, fir e puer Beispiller ze nennen.
Um Enn ass den Numm vum klenge Lyra Antarctica dann awer net méi ganz sou aussergewéinlech.