Eegent Quetschekraut a GebeessDen eegene Bongert mat 16 Joer

RTL Lëtzebuerg
Fir vill Jonker ass Gaardenaarbecht keng Freed. Mir hunn ee getraff, fir dee genau dat de Fall ass.
Den eegene Bongert mat 16 Joer
De Melvyn Kieffer krut fir seng Kommunioun e Bongert geschéngt. An tëscht gëtt hei Quetschekraut a Gebeess hiergestallt.

De 16 Joer ale Melvyn Kieffer krut fir seng Kommioun e Bongert geschenkt. Mëttlerweil verkeeft hie seng Recolten a produzéiert Quetschekraut a Gebeesser, gekacht nom Familljerezept. D’lescht Woch huet hie seng Facebook-Säit “Melvyn’s Bongert” lancéiert, fir op sech opmierksam ze maachen. An innerhalb vun enger Woch krut seng Säit schonn iwwer 300 Likes.

Och wann de Summer elo eriwwer ass an d’Schoul nees ugeet, well hie säi Geméisgaart net vernoléissegen. Geplangt si Rezepter fir Zoppen, mat deenen een duerch déi kal Méint komme soll.

Back to Top
CIM LOGO