ParäisDen Eiffeltuerm ass méi grouss ginn

RTL Lëtzebuerg
Den Eiffeltuerm ass an der Stad vun der Léift ëm 6 Meter gewuess. E krut nämlech eng nei Antenn.
© AFP/Christophe ARCHAMBAULT

Zanter en Dënschdeg ass en 330 Meter héich. En Helikopter huet déi 350 Kilo schwéier Antenn op déi iewescht Etage vum Eiffeltuerm transportéiert. Eng Véierelsstonn huet de Montage gedauert. Du war d’Monument 6 Meter méi héich wéi virdrun. Déi nei Antenn versuergt d’Paräisser Regioun mam Digitalradio.

Ee Joer laang gouf d’Installatioun vun der Antenn virbereet. Wéi et vum Bedreiwer heescht, hätt se ronn eng Millioun Euro kascht. “Et ass en historeschen Ament”, sou de Jean-François Martins, Chef der Eiffeltuerm-Gesellschaft Sete.

1889 gouf de weltbekannten Tuerm aus Metall vum Gustave Eiffel zu Paräis gebaut. U sech sollt en no 20 Joer nees ofgebaut ginn, ma en duerft awer stoe bleiwen, well e sech ënnert anerem gutt dofir gëeegent huet, eng Antenn drop z’erriichten. Eng leschte Kéier gouf am Joer 2000 eng Antenn um Eiffeltuerm fir digital-terrestresche Fernsee montéiert.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO