All Guddes!Den Ierfgroussherzog Guillaume feiert säin 39. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Happy Birthday: Den Ierfgroussherzog Guillaume gouf den 11. November 1981 gebuer an ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog ernannt ginn.
© Cour grand-ducale / Christian Aschman / tous droits réservés

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass dat eelste Kand vun der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Grand-Duc Henri. Hien ass zanter dem 19. Oktober 2012 mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bestuet.

2018 an 2019 hunn den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra an der englescher Haaptstad gelieft am Kader vu post-universitären Etüden. De Formatiounszyklus um “Royal College of Defence Studies”, déi den Ierfgroussherzog nach besser op seng spéider Chargen als Staatschef preparéieren, huet hie deemno dëst Joer ofgeschloss.

Och géifen dës post-universitär Etüden an enger Linn mat deene leien, déi den eelste Fils vum Grand-Duc 2001 op der Militärakademie zu Sandhurst suivéiert huet.

Den 10. Mee 2020 ass den Ierfgroussherzog eng éischte Kéier Papp ginn. Um 5.13 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte koum den neien Trounfollger Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d’Welt.

PDF: De Liewenslaf vum Ierfgroussherzog (DE)

Back to Top
CIM LOGO