
Den Nicolas Cage huet aus fréiere Bezéiungen 2 Kanner, de Kal-El (16 Joer) an de Weston (31 Joer). Mat 58 Joer erwaarden de Schauspiller a seng Fra vu 27 Joer dann elo och e Kand. Si hate sech de 16. Februar d’lescht Joer d’Jo-Wuert ginn, d’Hochzäit war an engem klengen an intime Kader am Wynn Hotel zu Las Vegas.
Fir den Hollywood-Schauspiller ass et schonn dat 5. Bestietnes. 1995 hat hie sech fir d’éischt bestuet, mat der Schauspill-Kolleegin Patricia Arquette. No der Scheedung 2001 huet sech den Elvis-Fan dunn d’Lisa Marie Presley gekroopt, d’Duechter vum King of Rock’n Roll. Dat Bestietnes huet nëmmen 2 Joer gehalen.
Duerno koum déi längsten Zäit als Mann vum Alice Kim, mat där hie vun 2004 bis 2016 liéiert war an zesummen e Kand huet, den Kal-El. Dono war hien nach mat senger 4. Fra Erika Koike bestuet, awer just 4 Deeg laang. Den 31 Joer ale Fils Weston ass aus der Bezéiung mam Christina Fulton, virum éischte Bestietnis also.
Seng aktuell Fra Riko Shibata huet den Nicolas Cage a Japan duerch gemeinsam Frënn kennegeléiert bei den Dréiaarbechten zum Film “Prisoners of the Ghostland”.