
D’Héicht vun der Strof soll zu engem spéideren Zäitpunkt annoncéiert ginn.
Den R. Kelly war wéinst der sexueller Ausbeutung vu Mineuren, Kidnapping a Korruptioun ugeklot ginn.
Al Mëssbrauchsvirwërf waren 2019 opkomm, dat duerch d’Dokumentatioun “Surviving R. Kelly” bei der Tëleeschaîne Lifetime.
De Museker bekannt ginn duerch de Welthit “I Believe I Can Fly” huet bis elo alleguer d’Virwërf ofgestridden an erkläert, Affer vun enger Ruffmord-Campagne ze sinn. De 54 Joer ale Museker sëtzt schonn zanter zwee Joer am Prisong.
