
Dëst Joer feieren den Herzog Harry a seng Fra Meghan Chrëschtdag mat hire Kanner net zu Sandringham, mä an hirer neier Heemecht Kalifornien. D’Queen Elizabeth wollt hirem Urenkel Archie trotzdeem eng Freed maachen an huet e bëssen en aussergewéinleche Kaddo an d’USA geschéckt: e Wäffelcherseisen.
Den Harry hat an engem Interview mam Moderator James Corden verroden, datt den Archie all Moien Eisekuche beim Kaffi wëll. Op d’Fro no engem passende Kaddo huet d’Meghan der Queen vun der Eisekuch-Leidenschaft vum klenge Royal verzielt.
D’Virstellung, dass d’Queen e Wäffelcherseise keeft an an d’USA schéckt, schéngt zwar e bëssen aussergewéinlech - ma et ginn awer nach méi skurril Kaddoen, déi sech d’brittesch Royal fir Chrëschtdag iwwerreecht hunn. Op der éischter Chrëschtdagsfeier am Krees vun der Kinneksfamill huet d’Meghan d’Queen mat engem Spillsaach-Hamster iwwerrascht, dee sange kann. D’Queen soll gutt iwwer de Kaddo gelaacht hunn an den Hamster géing elo hire Corgië Gesellschaft leeschten.
Och de Kaddo fir dem Meghan säi Schwoer war e volle Succès. De Prinz William krut deemools vun hir e Läffel mat der Gravure “Cereal Killer” - e Wuertspill, dat net nëmme Müsli-Killer bedeit, mä och dem englesche Begrëff fir Seriemäerder gläicht.
De Motto, dee bei de brittesche Royals beim Schenken u Chrëschtdag gëllt, géing anscheinend “wat méi bëlleg a méi frech, wat besser” heeschen. Dorun hätt och den Harry sech orientéiert, wéi hie senger Bom eng Duschhauf mam Titel “ain’t life a bitch” geschenkt huet. Accessoire fir d’Buedzëmmer schéngen och bei den anere Familljememberen gutt unzekommen: D’Prinzessin Anne huet hirem Brudder Prënz Charles een Toilettesëtz aus Lieder geschenkt.