Schluss mam WanterDëse Weekend goufen op ville Plazen am Land "Buergen" verbrannt

Anne Wolff
Op Buergsonndeg ginn traditionell am ganze Land Buergbrennen organiséiert, fir de kale Wanter ze verdreiwen. A ville Gemenge gär awer och scho samschdes.
Festival du Feu zu Féngeg
Am Kader vum Kulturjoer Esch 2022 gouf et zu Féngeg dëst Joer e ganz besonnescht Buergbrennen, mat 8 Feier-Skulpturen.

Am Kader vum Kulturjoer Esch 2022 gouf et zu Féngeg dëst Joer e ganz besonnescht Buergbrennen, mat 8 Feier-Skulpturen. Deemno hate sech sech déi Käerjenger dëst Joer fir d’Kulturjoer Esch 2022 eppes Besonnesches iwwerluecht: de Festival du Feu.

D’Coordinateure Jean Reitz an d’Florence Hoffmann hunn dofir déi al Traditioun mat moderner Konscht verbonnen. D’Iddi: sougenannte Feier-Skulpturen, déi dann an der Däischtert eng no der anerer ugefaange goufen.

Eng Woch laang hunn dofir international Kënschtler un hire spezielle Skulpture geschafft. D’Valeria Vitulli war eng vun hinnen. Si kënnt aus Italien. Mat hirem Konschtwierk wollt si ob de Klimawandel opmierksam maachen.

Mam Buergbrenne gëtt d’Käerjenger Gemeng de “Flambeau” dann un d’Gemeng Péiteng weider. All 10 Prosud-Gemengen hunn ee Mount Zäit, fir sech am Kader vum Kulturjoer ze presentéieren.

Finanzéiert gouf de Projet vun der Gemeng a verschiddene Sponsoren, subventionéiert vun Esch 2022.

Natierlech goufen dëse Weekend och op anere Plazen am Land Buergbrennen ofgehalen an de Wanter verjot. D’Wieder huet och deementspriechend matgespillt.

Back to Top
CIM LOGO