Germany's Next TopmodelDesigner solle wéinst Diversitéit vu Modelen ofsprangen

RTL Lëtzebuerg
Ob kleng, grouss, dënn oder mockeleg: D'Pro7-Show setzt op Diversitéit bei de Kandidatinnen. Dat soll allerdéngs net iwwerall gutt ukommen.
© AMERICA/AFP/Archiv/Amy Sussman

Wéi d’Heidi Klum der “Bunte” géintiwwer sot, géing d’Branche ëmmer méi Diversitéit verlaangen, dowéinst hätt si de Casting dëst Joer erweidert. Et gi kleng, ganz grouss, mockeleg, dënn, jonk an al Kandidatinnen, vun 18 bis 68 Joer.

En Trend, deen, wéi et schéngt, vill Leit an der Mound-Branche net wëlle matgoen. “Et si leider ganz vill bekannt Designer ofgesprongen, déi eis virdrun zougesot haten, sou d’Heidi Klum. Mä wisou?, freet sech dat 48 Joer aalt Model. Den Ament gëtt et de Wonsch no engem Wandel, de Wonsch no Verännerung. Dowéinst den Appell vum Heidi Klum: “Et ass dach Ären Job, Mënschen ze bekleeden, d’Konfektiounsgréisst dierft dobäi keng Roll spillen”.

Back to Top
CIM LOGO