Happy BirthdayD'Grande-Duchesse Maria Teresa feiert hire 66. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Den 22. Mäerz 1956 koum d’Maria Teresa Mestre zu Havanna op Kuba op d'Welt.
© Maison du Grand-Duc / Emanuele Scorcelletti

Si huet an der Schwäiz Politikwëssenschafte studéiert, wou si och den deemolege Prënz Henri kennegeléiert huet. 1981 bestit sech d’Koppel. Si huet 5 Kanner.

D’Grande-Duchesse Maria Teresa setzt sech a ville Beräicher an, do zum Beispill géint d’Gewalt géint Fraen a Krichsgebidder. Enn Mäerz ass an deem Kader och een internationale Forum, deen op Initiative vun der Grande-Duchesse an d’Liewe geruff gouf. Si engagéiert sech awer och géint d’Aarmut an déi sozial Exklusioun.

PDF: D'Schreiwes vun der Cour grand-ducale.

Back to Top
CIM LOGO