Bëbee-AlarmD'Hilary Swank erwaart mat 48 Joer Zwillingen

RTL Lëtzebuerg
Direkt zwee Grënn ze feieren, ginn et fir d'Schauspillerin, déi fir d'éischte Kéier Mamm gëtt.
© Robyn Beck / AFP

Op Instagram huet déi 48 Joer al Actrice houfreg annoncéiert, dass si schwanger ass. An dat mat Zwillingen! Scho laang wollt si der Welt dobausse vun hirem Gléck erzielen, huet d’Swank an engem Interview mat “Good Morning America” verroden, ma “du erziels et jo aus guddem Grond 12 Wochen net. Awer da wiisst de Bauch an du gees dacks op d’Toilette an ëss vill”. Lescht Woch hätt si esouguer missen eng Box opschneiden an eng Jackett driwwer undoen, fir de Bauch ze verstoppen, sou d’Swank weider.

Fir si an hire Mann Philip Schneider ass et den éischten Nowuess. Wéini déi Kleng d’Liicht vun der Welt erbléckse wäerten, bleift awer weiderhin e Geheimnis. Et muss ee jo och net alles verroden...

Back to Top
CIM LOGO