
“Bis zum bitteren Ende” war den Titel vun hirem 1987er Live-Album an ass elo och zum Motto gi vun engem, soe mer mol, méi makabere Fan-Artikel. D’Punk-Rocker verkafe vun elo un nämlech och Urnen. Fir 160 Euro kritt een dat exklusiivt Stéck am Online-Shop vun der däitscher Band ze kafen.
D’Iddi kënnt net vun ongeféier
An de leschte Jore wieren d’Hosen ëmmer nees vu Leit gefrot ginn, ob et fir si ok ass, wann op enger Urn mat den Iwwerreschter vun engem léiwe Verstuerwenen oder vun hinne selwer, de Logo vun der Band drop wier. Wéi d’Band um Site vun hirem Fan-Shop schreift, wier dat fir si ëmmer eng Éier gewiescht, wa sech Mënschen esou eppes wënschen.
Aus Spaass gouf Eescht
Et gëtt ee jo och net méi jonk, an esou hunn och d’Toten Hosen sech Gedanke gemaach: “A wat loossen ech mech da verpaken, wann et iergendwann esou wäit ass?”. An aus hallef Spaass an hallef Eescht, koum d’Thema Hosen-Urn op den Dësch.