
Wéi d’Bild-Zeitung mellt, soll den Dieter Bohlen deemnächst nees an der DSDS-Jury sëtzen. De Vertrag soll hien och schonn ënnerschriwwen hunn. “Et huet ee festgestallt, dass DSDS, wann iwwerhaapt, nëmme mam Dieter funktionéiert”, gëtt e Mataarbechter vun RTL Däitschland zitéiert. Offiziell confirméiert gouf dëst nach net.
Bal 20 Joer war den Dieter Bohlen Chefjuror an der däitscher Casting-Show. Seng Spréch a seng Urteeler iwwert d’Kandidaten hu scho bal Kultstatus.