
Op der Sich no neie Geschäftsiddie viséiert den Disney-Konzern elo eng Zilgrupp, déi esou lues erwuesse gouf. Déi Leit, déi no enger heeler Welt verlaangeren, déi hinnen d’Entertainment-Entreprise an hirer Kandheet virgespillt huet, sollen elo Haiser a Wunnengen a “Wunnparken” kafen, déi Disney iwwerall an den USA baue wëll.
D’Offer riicht sech un jiddereen, deen dat nächst Kapitel an hirem Liewen zesumme mat Disney gestalte wëllen, heescht et an engem Communiqué, an deem de Projet virgestallt gouf. Doriwwer huet ënnert anerem d’Zeitung “People” geschriwwen.
D’Plaze fir d’Quartieren sollen esou ausgewielt ginn, dass een de Bezuch zu der Disneywelt soll hunn, un déi sech déi viséiert 55-plus-Grupp am léifsten erënnert. Deemno soll deen éischten a Kalifornien an engem Dall gebaut ginn, an deem och de Walt Disney selwer scho gewunnt huet.
D’Iddi, Wunnquartieren a Form vun Theemeparken ze bauen, hält de President Josh D’Amaro fir “logesch”. “Schonn zanter honnerte Joren beréiert Disney mat senge Geschichten a Figuren d’Häerze vun de Mënschen op der ganzer Welt”, esou den Disney-Chef iwwert de Projet. Fir sech op dat nächst Joerhonnert an der Geschicht vum Konzern virzebereeden, wéilt Disney nei an opreegend Offeren entwéckelen, fir de Leit d’Magie vun Disney méi nozebréngen - “aus Geschichte solle real Liewenswelte ginn”.
D’Verspriechen, dat d’Entwéckler maachen, kléngt no enger éiweger Croisière: D’Real-Live-Märchewelt soll gefëllt mat villfältegen Offere wéi Kach- a Yogacoursen an all erdenklech Form vu Wellness sinn.
Et dierf ee gespaant sinn, wéi grouss den Interessi un der Offer wäert sinn. Leit, déi interesséiert sinn, kéinten eng kuerz Visitt zu Osceola a Florida maachen. An der Géigend vum Walt Disney World Resort huet Disney seng “Storyliving"-Iddi nämlech schonn eng Kéier verwierklecht. Der Entreprise no hätten déi éischt Bewunner hiert Haus do bei engem Gewënnspill vun Disney gewonnen.
