MedieberichterD'Kim Kardashian an den Pete Davidson solle sech getrennt hunn

RTL Lëtzebuerg
De Realitiy-TV-Star Kim Kardashian an de Komiker Pete Davidson, déi zanter Enn 2021 zesumme waren, solle sech dës Woch getrennt hunn.
© AFP Archivbild

Der Koppel hir vill Verflichtungen an de Kalenner hätten et “schwéier gemaach, eng Bezéiung oprecht z’erhalen”, sou de Bericht am Ënnnerhalungsmedium “E! News” e Freideg. Si beruffe sech un eng enk Quell vun deenen zwee. Den Davidson hätt deemno schonn e gudden Deel vum Summer bei Dréiaarbechten an Australien verbruecht.

Déi 41 Joer al Milliardärin Kim Kardashian ass Enn 2021 eng Bezéiung mam 28 Joer ale Satire-Star, bekannt aus “Saturday Night Live” agaangen. Offiziell gemaach hate si hir Relatioun am Mäerz, sou ongeféier zur selwechter Zäit, wéi d’Kardashian sech vum Rapper Kanye West scheede gelooss huet.

D’Koppel gouf zanterhier op villen ëffentlechen Evenementer gesinn, dorënner d’Met Gala zu New York am Mee.

Back to Top
CIM LOGO