Nom 4. UlafD'Kim Kardashian packt éischten Droit-Examen

RTL Lëtzebuerg
D'Kim Kardashian ass hirem Dram, Affekotin ze ginn, engem Stéck méi no komm. Ma fir déi éischt Prüfung huet et puer méi Versich gebraucht.
© AFP Archivbild

Als Reality-TV-Star huet si hir éischt Millioune gemaach, ma zanter e puer Joer huet d’Kim Kardashian de Wonsch méi e seriöen Job ze maachen. D’Duechter vum 2003 verstuerwenen Affekot Robert Kardashian strieft déi selwecht Karriär u wéi hire Papp an ass dofir zanter 2018 an enger Léier an engem Cabinet zu San Francisco.

Ëmmerhin, Kalifornien ass ee vun de wéinegen US-Bundesstaaten, an deenen eng laangjäreg Mataarbecht an engem Cabinet en Droit-Studium ersetze kann. Um Enn vum éischte Studiejoer mussen d’Stagiairen e klengen Exame packen, besser bekannt als “Baby Bar”.

D’Kim Kardashian hat mat hirem Studium allerdéngs nach net esou vill Succès. Dräimol huet si an de leschten 2 Joer dës éischt Prüfung an de Sand gesat. Vun hirem Zil, 2022 mat den Etüde fäerdeg ze sinn, ass si deemno nach e gutt Stéck fort.

D’Freed, dësen éischten Test dann awer elo bestanen ze hunn, war dann awer grouss fir d’Mamm vu 4 Kanner. Grond genuch op Instagram ze verroden, dass si de “Baby Bar” endlech gepackt huet. “Wann ech an de Spigel kucken, sinn ech wierklech houfreg op déi Fra, déi haut am Spigelbild zeréckbléckt”.

Hir Rees wier net liicht gewiescht. Nodeems si 3 Mol duerchgefall wier, “sinn ech all kéiers nees opgestanen an hunn et nach emol probéoert, bis ech et gepackt hunn!” Si hätt bei hirem leschte Versuch “Covid a 40 Grad Féiwer” gehat, “awer dat soll keng Rechtfäerdegung sinn”.

Back to Top
CIM LOGO