71. Maacher WäifestD'Lee Risch ass déi nächst 12 Méint Lëtzebuerger Wäikinnigin

Christophe Hochard
Hir Aufgab ass et elo, de Lëtzebuerger Wäin ze vertrieden. Mat vill Freed a Begeeschterung geet d'Lee des Erausfuerderung als Maacher Meedchen un.
Gréiwemaacher Wäifest 2021
D’Lee Risch gouf zur Wäikinnigin gekréint a wäert déi Lëtzebuerger Wäiner déi nächst 12 Méint am In- an Ausland vertrieden.

Lee Risch heescht déi nei Wäikinnigin. Si huet 21 Joer an ass gebierteg vu Gréiwemaacher. Nodeems si e leschte Freideg gekréint gouf, huet déi jonk Fra sech e Sonndeg dem Public gewisen. Eent ass sécher, d’Lee ass frou, déi nächst 12 Méint de Lëtzebuerger Wäin am In- an Ausland däerfen ze representéieren.

D’Lee léiert fir Schouljoffer. Si kënnt elo an dat drëtt Joer a wëll sech spéider ëm d’Spillschoulskanner këmmeren. Hir Mamm, d’Florence Frieden, war och scho Wäikinnigin. Dat war am Joer 1992 an haut ass si houfreg op hir Duechter.

An Net-Pandemie-Zäite si sonndes eng 50 Ween- a Foussgruppen an de Stroosse vu Gréiwemaacher ënnerwee. Op dësem Sonndeg waren et grad emol 5 Ween.

Encadréiert vun der Maacher Musek ass de Won mat der Wäikinnigin an hire 4 Prinzessinnen duerch d’Stroosse vun der Muselstad gefuer. Ganz houfreg stoung d’Lee uewen op hirer Plaz an huet de Leit zougewonk. Zanter 2016 war d’Lee selwer eng vun de Prinzessinnen.

Back to Top
CIM LOGO