DéiereschutzDolce & Gabbana wëll kee Pelz méi a senge Kollektioune verschaffen

RTL Lëtzebuerg
Nach dëst Joer wëll déi bekannt italienesch Luxus-Mark bei allen neie Kollektiounen op Pelz verzichten.
© afp

Dat huet en Dënschdeg de Kommunikatiounschef vun Dolce & Gabbana matgedeelt. Domat schléisst sech de Kleederhiersteller enger ganzer Rei anere Moudenhaiser un, déi dëse Schrëtt scho gaange sinn. Dozou gehéieren zum Beispill Chanel, Gucci, Burberry an d’Mark DKNY.

Dolce & Gabbana wëll sech elo op “nohalteg Alternativen” konzentréieren, bei deene recycelt oder recycléierbar Materialien an den Asaz kommen.

Back to Top
CIM LOGO