
D’Paris Hilton hat sech fir hire groussen Dag den 11. November erausgesicht, déi lescht Preparatioune fir de wäiss, rosaen Event sinn zanter Wochen op Héichtoure gelaf. Am Februar hat d’Koppel hir Verlobung annoncéiert an d’It-Girl huet dobäi e Rank am Wäert vun 2 Milliounen Dollar presentéiert.
Schonn am August, a wéi kéint et fir e Paris Hilton och anescht sinn, gouf bekannt, dass net just ee Rack fir de groussen Dag virgesinn ass. Passend zum Datum sollten et 11 Hochzäitskleeder sinn, eppes wat natierlech och zäitopwänneg ass. Dofir wuel och 3 Deeg?! Wéi ee Kleed um Enn dat war, wat d’Paris Hilton virum Altor unhat, ass bis ewell nach net richteg gewosst, d’Auswiel war jo net grad kleng an dovun ofgesinn, wuel och net ganz bëlleg. Wéi d’US-Promisäit “Page Six” wësse gedoen hat, wiere Stécker vun ënner anerem Valentino an Oscar de La Renta drënner gewiescht.
Bestuet gouf sech um 2,5 Hektar groussen Domaine vum Paris Hilton hirem Grousspapp, dem verstuerwene William Baron Hilton, am luxuriéise Quartier Bel Air zu Los Angeles. U sech war d’Grondstéck scho viru Méint fir 61,5 Milliounen Dollar un de fréiere Google-CEO Eric Schmidt verkaaft, do gefeiert ginn, duerft trotzdeem. D’Hochzäits-Locatioun sollt eigentlech geheim bleiwen, souguer op den Invitatioune stoung keng Adress drop.
Wien net dobäi war, ka sech de Spektakel awer och op der Tëlee ukucken. D’Hochzäit gëtt iergendwann als Finall vun der Doku-Serie “Paris In Love” beim Sender “Peacock Network” diffuséiert.