BelschD'Prinzessin Maria Laura gëtt bestuet

RTL Lëtzebuerg
De belschen Haff huet e Méindeg matgedeelt, datt sech d'Prinzessin Maria Laura verloobt huet.
© https://twitter.com/MonarchieBe/status/1475379707948507136/photo/1 by Andrew Ferraro / Belgian Royal Palace via Twitter

D’Meedche vun der Prinzessin Astrid an dem Prënz Lorenz wäert an der zweeter Hallschent vum Joer 2022 de Sir William Isvy bestueden. Der Prinzessin hiren zukünftege Mann ass zu Paräis gebuer, mä huet de gréissten Deel vu senger Kandheet zu London gewunnt. D’Koppel huet sech 2015 zu London kenne geléiert.

D’Prinzessin Maria Laura ass d’Enkelin vum Kinnek Albert II an der Kinnigin Paola. De belsche Kinnek Albert, deen 2013 den Troun ofginn huet, ass de Brudder vun der Grande-Duchesse Josephine-Charlotte, der Fra vum 2019 verstuerwene Grand-Duc Jean.

Back to Top
CIM LOGO