Keng grouss FeierlechkeetenD'Queen Elizabeth II feiert hire 96. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
D'Kinnigin feiert mat hirer Famill op hirem Landsëtz Sandringham am Oste vun England. Ëffentlech gëtt hiren Éierendag just mat Kanouneschëss markéiert.
© POOL/AFP/Victoria Jones

Dat heescht awer net, datt der Queen hire Gebuertsdag iwwergaange gëtt. Ufank Juni gëtt der Monarchin hiren Dag am grousse Stil nogefeiert. Nieft der traditioneller “Trooping of the Colour"-Parad gëtt iwwer véier Deeg net just de Gebuertsdag nogefeiert, mee och de 70. Anniversaire vun der Kinnigin hirer Kréinung - hire Platinjubiläum.

© Henry DALLAL / ROYAL WINDSOR HORSE SHOW / AFP

Der Kinnigin hiren Enkel de Prënz Harry war kuerz virun Ouschtere mat senger Fra Meghan fir déi éischte Kéier zanter hirem Récktrëtt vun hire royale Flichten erëm zeréck a Groussbritannien bei der Famill. An engem Interview sot de Prënz Harry viru kuerzem, seng Groussmamm wier an Héichform. Mee no esou ville Jore géing hie mengen, datt hir Gebuertsdeeg e bësse langweileg ginn. Si géif sech méi op hiren Trounjubiläum freeën.

Back to Top
CIM LOGO