Ee Joer nom Doud vun hirem MannD'Queen gedenkt dem verstuerwene Prënz Philip an enger Zeremonie

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet déi brittesch Kinnigin Elizabeth II un engem Gottesdéngscht fir hire verstuerwene Mann, de Prënz Philip, deelgeholl.
© AFP/JUSTIN TALLIS

De Prënz Philip ass den 9. Abrëll 2021 - also viru bal engem Joer - am Alter vun 99 Joer gestuerwen. Hie war ganzer 73 Joer laang de Mann un der Säit vun der Kinnigin Elizabeth. Bis zum Schluss war net kloer, op d’Queen un der Zeremonie an der Westminster Abbey zu London kéint deelhuelen. Wéinst hirem ugeschloene Gesondheetszoustand konnt si eréischt en Dënschdeg de Moien kuerz virum Ufank vum Gottesdéngscht hir Zouso ginn.

D’Queen Elizabeth war Ufanks des Mounts u Covid erkrankt a leit mat hire geschwënn 96 Joer och un enger Rei anere Gebriechen. An deene leschte Méint ass si dowéinst e bësse méi kuerz getrueden, och wa si nach weiderhin aktiv ass.

Nieft der kinneklecher Famill waren och de Prënz Albert vu Monaco, déi dänesch Kinnigin Margrethe, de Kinnek an d’Kinnigin vun Norwegen an de Kinnek Felipe an d’Kinnigin Letizia aus Spuenien an der Westminster Abbey. Net present waren de Prënz Harry a seng Fra d’Duchesse Meghan, déi mat hiren zwee Kanner an den USA liewen an hir royal Flichten néiergeluecht hunn. De Prënz Andrew, dee wéinst Mëssbrauchsvirwërf seng Titele verluer huet an e Milliounevergläich un d’Plaignante Virginia Giuffre ausbezuelt huet, huet seng Mamm um Wee fir an d’Westminster Abbey era gestäipt.

© Dominic Lipinski / POOL / AFP

Back to Top
CIM LOGO