Um Sonndeg"Drive In Kleeschen" zu Péiteng

Christophe Hochard
D‘Kanner vu Rolleng, Rodange a Péiteng hunn e Sonndeg hir Titche vum Kleesche kritt.
© Christophe Hochard

Kleeserchersdag ass fir vill Kanner ee vun de schéinsten Deeg am Joer. Awer och de Kleesche muss sech un déi sanitär Virschrëften halen. Fir den Zinniklos trotzdeem kënnen ze feieren, hunn eng Partie Gemenge sech eppes Extraes afale gelooss. Zu Diddeleng huet de Kleesche sech iwwer Videomessage un d’Kanner geriicht. Zu Péiteng huet e souguer an en Drive In invitéiert. Eng 1.400 Kanner aus der Gemeng konnten him aus dem Auto eraus zouwénken a kruten eng Titche voll mat Séissegkeeten.

Wärend d’Kanner am Auto mat hiren Eltere sëtze bleiwe konnten, konnte si dem hellege Mann iwwert dem Laanschtfueren zouwénken. Aus den Uertschafte Rolleng, Rodange a Péiteng koumen e Sonndeg all déi brav Kanner bei de Kleeschen op Besuch.

Op de Site, genannt Carena, hat d’Gemeng Péiteng d’Kanner mat hiren Elteren e Sonndeg de Mëtteg invitéiert. Am Summer gouf hei schonn en Drive In Concert a Kino organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO