
Wéi d’Nina Hagen der “Bild"-Zeitung en Dënschdeg verroden huet, ass hire Bouf Otis Papp ginn a si domat elo Boma. No engem Schicksalsschlag deemno elo nees erfreelech Nouvellen. Et ass nach net esou laang hier, dass d’Godmother of Punk e méi schwéiere Verloscht huet misse verkraaften: de 16. August ass hir Mamm Eva-Maria Hagen am Alter vu 87 Joer gestuerwen. Si stounge sech immens no.
Leed a Freed leien dacks no beieneen. Gutt 2 Méint méi spéit hu si deemno en neie Familljemember kënne begréissen. Den 32 Joer alen Otis, Bouf vum Nina Hagen, a seng Partnerin Yolanda sinn Eltere ginn. Ob et e Meedchen oder e Jong ass a wéi de Puppelchen heescht, gouf net verroden.
Generell ass net vill gewosst iwwert den Otis, dee sech, anescht wéi seng Schwëster Cosma Shiva - selwer Schauspillerin - léiwer aus der Ëffentlechkeet eraushält. Hie soll wéi seng Elteren d’Virléift fir Musek an d’Wéi geluecht kritt hunn, säi Papp ass de franséische Stylist an DJ Franck Chevalier, mat deem d’Nina Hagen Enn den 80er kuerz liéiert war. Hie lieft a schafft antëscht zu Los Angeles.