Gëllene Käfeg KinnekshausDrogemafia menacéiert Krounprinzessin Amalia

RTL Lëtzebuerg
Déi hollännesch Krounprinzessin Catharina-Amalia muss hiert Studenteliewe bis op Weideres stoppen. D'Drogemafia huet gedreet, si z'entféieren.
© AFP Archivbild

Knapp 2 Wochen ass et hier, dass d’Prinzessin Cathrina-Amalia e Fouss an d’Uni gesat huet, op hirem éischten Dag op der Uni zu Amsterdam. D’Uni-Zäit soll u sech eng onbeschwéiert Zäit sinn, ma elo muss d’Krounprinzessin hir Studentenzäit bis op agespaart doheem an der Ophutt vun hiren Eltere verbréngen. Et ass e gëllene Käfeg an d’Gefor, déi vun der Menace ausgeet, ass grouss. D’Mocro-Mafia ass als immens brutal berüchtegt.

D’Prinzessin Amalia ass deemno nees zu Den Haag, am Palais. Dierf net méi eraus. Déi 18 Joer jonk Krounprinzessin gëtt massiv bedreet. Wéi et schéngt, ginn et Entféierungspläng vun der Drogemafia. Dës kontrolléiert vun Holland aus gutt en Drëttel vum Kokainhandel an Europa. Si soll och responsabel si fir d’Attentat op den investigative Journalist Peter de Vries, wéi och aner Morden.

Wéi eescht d’Situatioun tatsächlech ass, huet och de Premier Mark Rutte duerchblécke gelooss. Et wiere schlëmm Noriichten, fir d’alleréischt emol fir d’Amalia. Déi zoustänneg Autoritéite géifen dofir suergen, dass si sécher ass.

Back to Top
CIM LOGO