Wëllkomm Theodor!D'Tessy Antony an de Frank Floessel sinn Eltere ginn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems sech d'Koppel am Juli d'Jo-Wuert ginn hat, ginn et nees gutt Nouvellen am Haus vun der fréierer Prinzessin vu Lëtzebuerg.
© Dianna Kottmann

Op Instagram huet hire Bouf Gabriel vun Nassau (15) matgedeelt, dass hien a seng Geschwëster e klenge Bridderche kritt hätten. Deem Klengen an der Mamm géing et gutt goen, béid wieren den Ament nach am Spidol. Den Theodor ass dat éischt gemeinsaamt Kand vum Tessy Antony a Schwäizer Entrepreneur Frank Floessel.

Enn Februar hate si d’Schwangerschaft an de sozialen Netzwierker matgedeelt. “D’Fréijoer ass déi perfekten Zäit, fir besonnesch Blumme wuessen ze loossen”, hat déi fréier Prinzessin vu Lëtzebuerg ënnert der Foto geschriwwen.

Dem Tessy Antony hir éischt Kanner Gabriel an Noah stamen aus dem Bestietnis mat hirem Ex-Mann Prënz Louis.

Back to Top
CIM LOGO