Viru Begriefnes net gewosstD'Vicky Krieps an de Gaspard Ulliel waren eng Koppel

RTL Lëtzebuerg
Wéi verschidde Medie mellen, soll d'Vicky Krieps eng heemlech Relatioun mam franséische Schauspill-Kolleeg Gaspard Ulliel gehat hunn.
© RTL / AFP

Den 19. Januar ass de 37 Joer ale Gaspard Ulliel no engem tragesche Schiaccident gestuerwen. Net just d’Famill a Frënn hunn him eng Woch méi spéit um Begriefnes an der Kierch Saint-Eustache zu Paräis déi lescht Éier erwisen, och vill Schauspill-Kolleege ware present, dorënner och d’Vicky Krieps.

Wéi elo verschidde Medie mellen, ware si net just Kolleegen, si wieren eng Koppel gewiescht.

Wat laang net gewosst war, de Gaspard Ulliel war do virdru schonn 2 Joer vu senger leschter Partnerin Gaëlle Pietri getrennt. Mat hir huet de franséischen Acteur e Jong vu 6 Joer. Mam Vicky Krieps hätt hien, wéi et heescht, d’Léift erëmfonnt gehat. A genee sou diskret wéi d’Trennung ofgelaf war, war och déi nei Relatioun. D’Vicky Krieps an de Gaspard Ulliel solle wuel am September 2019 zesummekomm sinn, nodeems si zesummen am Jury vum 45. Festival du Cinéma Américain an der franséischer Küstestad Deauville souzen.

Ma net just dës Rumeure weisen, dass si eng Koppel waren. Den 20. Januar, also een Dag nodeems bekannt gi war, dass de Gaspard Ulliel op tragesch Manéier aus dem Liewe gerappt gouf, hat d’Vicky Krieps eng Foto vun engem bloen Himmel mat douce rosae Wolleken op hirem Instagram-Profil gepost, mat de Wierder “Gaspard dans le ciel. Tu retournes chez toi”.

Ma schonn den Dag virdrun, also um Dag vum Accident, hat d’Lëtzebuergerin schonn eng Foto vun enger Käerz gedeelt, ouni Kommentar oder Erklärung. Ma Bekannter hunn ënner anerem mat schwaarzen Häerzer ënnert dem Bild reagéiert.

Antëscht sinn och Biller opgetaucht, déi e ganz verzweiwelt Vicky Krieps um Begriefnes vun hirem heemleche Partner weisen.

Back to Top
CIM LOGO