SilvesterD'Welt begréisst d'Joer 2022

RTL Lëtzebuerg
Vu Sydney bis New York: Eng Auswiel vun de schéinste Silvester-Freedefeieren.

Bis all Regioun an dat neit Joer era fonnt huet, dauert et ganzer 26 Stonnen. Um 11 Auer eiser Zäit huet e Freideg d’Joer 2022 op de Südsee-Inselen ugefaangen. D’Awunner op den Insele Samoa, Tonga a Kiribati waren déi éischt, déi an dat neit Joer gerutscht sinn. Eng Stonn méi spéit war Neiséiland un der Rei. Wéi all Joer hunn d’Leit op der Baker- an Howlandinsel am Pazifik als lescht eragefeiert.

Wéinst der Corona-Pandemie goufen och dëst Joer nees Feierlechkeeten an Evenementer ronderëm d’Welt ofgesot oder an engem méi klenge Kader organiséiert.

Eng spektakulär Show mat Freedefeier a Musek am Hannergrond wollte sech vill Metropolen awer net huele loossen, dorënner och Sydney an Australien. Hei goufe 6 Tonne Freedefeier virun der Kuliss vun der Harbour Bridge an der Oper an d’Luucht geschoss. D’lescht Joer ouni Spectateuren, dëst Joer waren eng zéngdausende Leit live mat dobäi. Normalerweis kommen am Hafe ronn eng Millioun Mënschen zesummen. Wéinst dem Arees-Verbuet fir Touristen an der Angscht virun der Omikron-Variant waren et der dës Kéier däitlech manner.

No engem ganz komplizéierte Joer gouf zu Rio de Janeiro op der Copacabana gefeiert, wéi wann 2021 näischt gewiescht wier. Dobäi ass Brasilien dat Land no den USA, wat déi lescht 12 Méint mat déi meescht Corona-Doudesaffer gezielt huet.

Zu Madrid a Spuenien hate sech eng 7.000 Mënschen op der Plaz Puerta del Sol versammelt, fir d’neit Joer ze begréissen. Um Hallefnuecht hunn hei d’Klacke vun der Märei 12 Mol gelaut. Dobäi hunn d’Leit jeeweils eng Drauf giess an un hir Wënsch fir d’neit Joer geduecht.

D'Welt begréisst d'Joer 2022
Wéinst der Corona-Pandemie goufen och dëst Joer nees Feierlechkeeten an Evenementer ronderëm d’Welt ofgesot oder an engem méi klenge Kader organiséiert.

A China hu wéinst Corona eng Partie Stied d’Freedefeier a gréisser Festlechkeeten ofgesot, dorënner Peking an och Wuhan. Silvester ass fir d’Chinesen u sech kee besonnesch wichtege Feierdag. No hirem traditionelle Moundkalenner fänkt d’neit Joer dës Kéier eréischt Ufank Februar un.

An Thailand hu vill Baren a Caféen op Silvester bis 1 Auer hire Dieren dierften oploossen. An der Haaptstad Bangkok hunn Zéngdausende Leit op der berüümter Khaosan Road gefeiert.

Mat engem imposante Freedefeier an enger Lasershow um héchste Gebai vun der Welt huet Dubai dat neit Joer begréisst. Zu Moskau gouf et virum Kreml e grousst Freedefeier. Um 4 Auer eiser Zäit hunn Deeler vu Brasilien an Argentinien op d’neit Joer ugestouss.

Trotz den héijen Infektiounszuelen huet den New Yorker Times Square an den USA d’Joer 2022 nees mat Spectateure begréisst. Hei gouf et dee sougenannte “Ball Drop”, et huet Konfetti gereent an d’Lidd “New York, New York” gouf gespillt. D’Event gouf dëst Joer op knapp ee Véierel vu senger normaler Kapazitéit begrenzt, dat heescht 15.000 amplaz 60.000. All d’Leit hu misse geimpft sinn.

Um Times Square mat dobäi war och e Lëtzebuerger. De Maxime Chanot huet mat senger Ekipp New York City FC de Countown fir dat neit Joer agelaut.

Éischter traureg war de Joreswiessel zu London. Just e puer Dausend Britten hu sech un de Bord vun der Thames deplacéiert, fir de Big Ben lauden ze héieren.

Och Paräis huet op dat traditionellt Freedefeier verzicht. An awer waren d’Champs Elysées schwaarz vu Läit. Opgefall ass dëst Joer besonnesch den Europäesche Fändel ënnert dem Arc du Trionphe. Den Ament, wou Frankräich jo d’Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerholl huet.

Eng vun de seelene Plazen dëst Joer, wou Schnéi mat um Rendez-vous war, ass Moskau. Den Thermometer stoung bei Minus 9 Grad.
Am Kontrast zu Dubai, wou et der ëm Hallefnuecht nach 22 waren.

D’Festivitéite ronderëm d’Welt kënnt Dir hei am Replay kucken

Back to Top
CIM LOGO